Histoire

D’Habschter Musek gouf gegrënnt de 4. Mee 1919.

Een éischt grousst Highlight war d’Bedeelegung un de „Centenaire “ Feieren vun der Onofhengegkeet vun eisem Land am Joer 1939.

Leider koum dun déi schwéier Zäit vun de Krichsjoren, wou d’Instrumenter nit ausgepakt goufen.

1944 goung et mat frëschem Elan weider an ee vun de groussen Optrëtter war 1946 den Empfank vum Prënz Charel op „Brécks hierer Mëscht“.

Dono war d’Habschter Musek nit méi vum kulturellen Duerfbild vun Habscht ewechzedenken. Souwuel bei kierchleche Feierlechkeeten wéi Prëssioun,

Kommioun a Fiermung, wéi och bei weltleche Feierlechkeete wéi Nationalfeierdag a Journée Commémorative waren d’Musikante present a sinn et och nach haut.

Wat wier d’Kiermes zu Habscht ouni den Hämmelsmarsch dee fréier zu Fouss geblose gouf hannert engem Trapp Schof, haut op engem Won, ouni Schof.

Säit 1962 goufen Solfège-Couren an der Gemeng ugebueden a vun 1964 un hunn och d’Meedercher däerfen een Instrument

spillen. Voller Éiergäiz sinn déi Habschter Musikanten och op de „Concours“ gaangen.

Hei e puer Resultater :

  • 1952 zu Ettelbréck, éischte Präiss mat Auszeechnung, d’Musek kéint an d’zweet Divisioun,
  • 1957 zu Ettelbréck eng éischt Plaz am Marschconcours,
  • 1974 geet et weider an d’éischt Divisioun
  • 1980 gëtt d’ “Division Supérieure“ zu Suessem erreecht.

Haut läit de Schwéierpunkt vun der Harmonie hierem Schaffen éischter op der

Virbereedung vum Gala-Concert, zënter 1998 ënner engem bestëmmten Thema : Fiesta Latina, Fiesta Historica, Summerhits Fiesta, Euro-Fiesta, Musical Fiesta, Memory-

Fiesta, American Fiesta, Fiesta Italiana, Disney Fiesta, Fiesta Best of 10, Film Musek, Chansons Françaises, Mélodies des Pays du Nord, Dance Forever, Stars of the 80’s,

American Rhythm .

Genau wéi fréier ass d’Gesellegkeet grouss geschriwwen an d’Habschter Musek feiert gär Fester (fréier : Waldfest,Sylvesterbal, “Chasse Gardée“, Garagefest, … , haut :

Oktoberbal, Käerzenowend, Summerfest). Eis Strëpp, d’ ”Äischdallbléiser“ ënner der Leedung vum Jeannot Ney war och beschtens bekannt fir Stëmmung ze maachen.

Vergiesse mir och nit eis Trommlerclique, déi mat vill Begeeschterung bei de Cortègen derbäi ass.

2004 krut d’Habschter Musek een eegene Prouwesall an deem renovéierten Unions-Sall. Den Habschter Dirigent ass momentan de Ben Spartz.

Ziele mir just e puer vu sénge Virgänger op :

  • Schweich Neckel
  • Kreintz Josy
  • Drees Fernand
  • Tarpani Jos
  • Drees Loll
  • Lucien Bley
  • François Godart

Vill vun eis erënneren sech och nach un déi lescht Presidenten :

  • Bauler René
  • Backes Joseph
  • Michels Nico
  • Wagner Roger
  • Muller Pierre
  • Backes René
  • an aktuell de Lang Georges